Geschicht vum Sportfëscher Club Ettelbréck
Den 16. Dezember 1944, just virun der Rundstedtoffensiv, hunn sech zu Ettelbréck eng ganz Reih vun begeeschterte Fescher bei den Eisebunner zesummegedoe, fir een Fëscherclub ze grënnen. Den Aktiounskomitee, deen och zugläich provisoreschen Virstand vum « Eisebunner Fëscherclub » wär, huet sech zesummen gesat aus de Sportsfrënn Bisdorff Marcel, Präsident ;Biberich Thed, Vizepräsident ;Kasel Jacques, Sekretär a Caissier ;Bentz Jean, Dahm Jemp, Fell Nicolas a Schmit Hary ;Memberen.
An enger Uertschaft, déi wéi Ettelbréck um Zesummenlaaf vun verschiddenen Flëss leit, hunn d ‘Awunner d ‘Fëschen zënter uralen Zäiten am Blutt. Et ass duerfir net verwonnerlech, datt sech geschwënn Fescher aus anere Kreeser vun der Awunnerschaft fir dëse neie Club interesséiert hunn.
1948 hunn d ‘Fëscher sech zesummegedoe an sie hunn den « Ettelbrécker Sportfescherclub » op d ‘Been gesat. Nach haut, a besonnesch haut, musse en d’Eenegkeet, an de sportleche Geescht vun all deenen bewonneren, déi deemools an der Spëtzt vun deem neie Veräin stoungen. Et waren : Putz Leon, Präsident ; Bisdorff Marcel an Biberich Thed, Memberen. Si haten alleguer hie boer Arabescht, well dee jonke Veräin huet sech vu Joer zu Joer vergréissert.
Am Oktober 1945 gouf den « Eisebunner Fëscherclub » als 36 Sektioun an de Lëtzebuerger Sportfëscher Verband opgeholl. Des Memberschaft leeft zënter 1949 ënnert dem Numm vun « Ettelbréck Sportfëscher Club » weider.
Schon 1951 huet de Sportfëscher Club vum Verband den Optrag kritt, fir d’Péiteschfeier ze organiséieren. Dat Fëscherfest war e groussen Erfolleg.
Foto vun 1951

1952 gouf den neie Fändel ageweit. Giedel war d’Madame Léon Putz an de Sportskomerod Pitz René war Pätter. Bis zu dësem Joer war d’Memberzuel op 107 ropgeklomm. An de Comité huet missen op 9 Leit vergréissert ginn ; Putz Léon, Präsident ; Girrens Mett, Vizepräsident ; Kasel Jacques, Sekretär a Caissier ; Biberich Thed, Bisdorff Marcel, Dahm Jemp, Hoffman Pir, Kneip Nick a Schoug Jeng, Memberen.
D’Lierwen am Veräin huet net gerout. Am Joer 1953 huet de « Sportfëscher Club Ettelbréck » fir d ‘zweete Kéier d’Péiteschfeier organiséiert an e puer Joer dono, 1956, hat hien d ‘Éier, fir dee groussen, internationalen Concours ofzehalen, ee Fest, bei deem sech fir d ‘éischt iwwer 1000 Fescher afonnt haaten. Hei ass och den Ament, fir un e grousse Frënd vum Sportfëscher Club ze denken, de Kneip Nicky, dee joerelaang un der Spëtzt vum Organisatiounscomité stoung, an deen, ewéi sou vill aner Memberen, vill ze fréi vun eis gaang ass.
1962 ass dann fir d ‘lescht de groussen internationalen Fëscher Concours zu Ettelbréck ofgehale ginn. Zënter der Zäit huet duerch d’Waasserverschmotzung de Fëschbestand an der Mëttelsauer sou staark gelidden, dat e grousse Concours nët méi méiglech wär.
Des traureg Tatsaach huet de Sportfëscher Club Ettelbréck nët verhënnert fir sech weider ze vergréisseren, an de Comité huet missen op 11 Leit ropgesat ginn : Putz Léon, Präsident ; Dahm Jemp, Vizepräsident ; Eischen Jody, Sekretär ; Buttel Raymond, Hëllefssekretär ; Kasel Johny, Caissier ; Braun Jemp, Hoffman Pir, Kerger Jemp, Kneip Corneille, Nicolay Ed, Thilges Jos, Memberen.
Wéi 1949 den Sportskomerod Thilges Jos een Deel vun senger Fëscherei an der Uelzecht un de Veräin ofgetrueden huet, ass de Sportfëscher Club Ettelbréck nach méi fest matt sengem Heemëchtswaasser verwuess. Dat Zënter 1955 eis Club Memberen an der Uelzecht fëschen dierfen, ass dem schéine Gest vum verstuerwene Sportskomerod Thilges Jos ze verdanken. Et kann e roueg soen, dat deejéinegen d’ Fëscherei ganz besonnesch zu engem gudde Zesummenhalen am Veräin bäigedroen huet.
Duerch seng Memberen Nicolay Ed an Keup Lucien wär de « Sportfëscher Club Ettelbréck » 10 Joer laang aktiv am Lëtzebuerger Sportfëscherverband vertrueden.
Zënter 1967 gehéiert de Veräin der « Entente du Nord des Pêcheurs Sportifs » un, déi sech virgeholl huet, eleng an awer och zesummen mam Sportfëscher Verband an mat der Liga fir Waasserschutz géint Verschmotzung vum Waasser an vun der Ëmwelt an fir ee Repeuplement vun eise Flëss anzetrieden.
Wéi an all Veräin ass och nët ëmmer alles ouni Reiwerei verlaf, awer all däischter Wolleken sin eriwwer gaang.
Den 10. Oktober 1971 feiert « Sportfëscher Club Ettelbréck » säin 25 jäeregt Jubiläum. Hien ass mat 173 Memberen, dovun 20 Junioren een vun de stärksten Veräiner vum Norden an vum Land.
Fotoen vum 25. Anniversaire 1971
Eis Sportfëscher wëssen, datt hire Sport, un deem si mat ganzem Häerz hänken, haut oft a grousser Gefor ass, duerch all déi Waasserverschmotzungen vum Waasser an vun der Gewaan. Si wëssen, datt si d ‘Aen ophalen an aktiv um Schutz vun der Natur deelhuele mussen.
Zu gudder Lescht géif ech d ‘Wieder widderhuelen, déi de Sportskomerod Trauffler Jos an der Festbroschür vun 1962 geschriwwen haat :
« Den Ettelbrécker Sportfëscher Club ass nët nëmmen ee Veräin vun Passionéierten Petrijünger+ awer och eng grouss Familljen. Ween eemol an hirer Mëtt ass, kann gesinn, mat wéivill Freed an Eescht eis Fëscher zu hirem Veräin stinn. Mir hoffen all datt den Eifer bäihällt, an datt si och an der Zukunft fest zesummestoen.
An den 70er Joeren huet de Veräin, wei och schon virdrun, ëmmer matt enger staarker Delegatioun an all Verbandskongress deelgeholl. Mir hunn bei ville Problemer deemools aus Kritiken an eis Virschléi virbruecht. Esou z. B. géint déi grouss Zuel vun de Konkuren. Op dem Kongress zu Waasserbëlleg 1971 hunn mir virgeschloen bei de Konkuren déi gefaange Fësch a Kescheren lieweg ze haalen, beim Waasser ofzeweien, an erëm hannescht ze setzen an net e groussen Deel op den Dreckstipp ze geheien. Et ass näischt geschitt bis 10 Joer méi spéit. –Bei engem Clubfëschen 1973 op der Hëttermillen un der Musel hunn mer praktesch bewisen datt et ze maachen wir. Mir waren déi éischt, déi de Versuch gemaach hunn.
Fotoen vum Clubfëschen op der Hëttermillen 1973
1970 hunn mer zesummen mat enger Réi Sportsfrënn aus der Entente du Nord a spektakulär Protestfëschen um « Dreieck » bei der Sauer gemaach, well ee Piechter an der Sauer säin Lous bei Ettelbréck dräimol ongesetzlech verlängert haat. Mir hunn op senger illegaler Streck gefëscht an mir hunn vun der Fieschterei e Protokoll gemaach kritt. Ons Aangelen sin beschlaachnahmt ginn an de Prozess ass zu Dikrech op d ‘Geriicht komm, wou de Sportsfrënn Ed Nicolay fir all déi aner déi mattgefëscht hunn, als Ugeklote stoung. De Prozess ass herno zu Lëtzebuerg an engem Tirang verschwonn, mir hunn eis Aangele rëmkritt an mir hunn missen 5000 Frang Prozesskäschten bezuelen. Well onse Verband déi Käschten nët wollt iwwerhuelen, hunn Komeroden aus dem deemolege Comité déi Käschten aus eegener Täsch bezuelt. Eppes positives ass dach bei der ganzer Saach raus komm : Am neie Fëscherei Gesetz vun 1974 wou eise Club och praktesch matgeschafft huet ass d ‘Grenz vum éischte Sauerlous ganz genee fest geluecht ginn an déi Streck wourëm et gaange war ass eng Schutzzon ginn, wou nët méi gefëscht dierf ginn, iwweregens deemools déi éischt Schutzzon op der ganzer Sauer.
Fotoen vum Protestfëschen 1970
Vun 1971-2016 huet de Sportfëscher-Club ETTELBRECK keng Péiteschfeier an och keng Concouren méi organiséiert. De Sportfëscher Club huet +- 5,5 km Uelzecht gepacht. ( 2 Lousen ) Do maache mir all Joer 4 Uelzeschtconcouren mat Pic-Nic. Déi Traditioun hale mir schon vill Joere bäi.

Op eiser Uelzecht Fëscherei goufen em 1996 all Joer tëschent 150-170 Permien ausgestallt. Do gesäit een datt eis Fëscher vum ETTELBRECKER SPORTFESCHERCLUB eng Freed hunn fir an eisem Heemëschtswaasser kënnen ze fëschen.
1996 huet den Sportfëscher Club Ettelbréck 50 Joer gefeiert. Den Virstand vum Veräin huet sech zesummen gesat aus den Sportsfrënn Mudeler Franck, President, Herrmann Emile, 1te Vizepresident ; Britz Arsène, 2te Vizepresident , Hahn Francis, Sekretär ,Stamet Nicole, Caissier, Stamet René, Gelhausen Mich, Hari Nic, Dentzer Josy a Gelhausen Pierrot ; Memberen. Den Veräin hatt an dem Moment 191 Memberen.
Fotoen vun 1996
Am Joër 2011 krut den Sportfëscher Club Ettelbréck séin Club Haus bei der Uelzecht.
2016 hut den Sportfëscher Club Ettelbréck seng 70 Joer gefeiert. Den Virstand vum Veräin stellt sech zesummen aus den Sportsfrënn Koetz Marc, President, Gelhausen Pierrot, 1te Vizepresident ; Mudeler Johny, 2te Vizepresident , Hahn Francis, Sekretär ,Stamet Nicole, Caissier, Englebert Tom, Silverio Paul, Koetz Leny, Kartheiser Gilles, Huberty Nico a Braun Mike, Memberen. Den Veräin zielt am Moment 133 Memberen an dovun hunn der 61 eng Lizenz vun der Federatioun. Den Veräin huet nach ëmmer seng Pacht vun der Uelzecht déi +- 3 km laang ass. Op dësem Stéck organiséiert den Veräin och nach ëmmer 4 Manchen. Zu dësem Jubiläum gouf och den Veräinslogo iwwer arbescht an déi nei Internetsäit erstallt vum Ben an Pol Hari mat hëllef bei den Texter vum Koetz Marc.
D ‘Chronik ass zesummegestallt ginn
vum Nicolay Ed. an Mudeler Fränck 1996 an weider gefouert ginn 2016 vum Hari Pol.










































