Den Sportfëscher Club Ettelbréck ass houfreg eng eegen Fëscherei ze hunn déi mir eisen Memberen kennen bidden. Eis Pacht beleeft sech op +-3km.

Zu Birtreng bei der Toussainsmillen geet eist Stéck un bis op den Dräieck (wou  d’ Uelzecht an d’ Sauer leeft). Et ass een Gewësser wat all Variatiounen bitt! Et gett lues fléissend Ofschnëtter déi sech mat schnell fléissenden Passagen ofwiesselen.

Den Club organiséiert all Joer 4 Manchen interne op eiser Fëscherei, déi fir den Clubchampion zielen awer och nach an enger Eenzelwaertung laafen. Déi 4 Deeg ginn och benotzt fir mat den Famillen vun den Fëscher een Picknick ze maachen an domat  den Familiären Geescht vum Club ze stäerken.

Fotoen vun der Uelzecht 2016

 

 

Den Ursprong vun der Pacht vun der Uelzecht war 1949 wéi den Spk. Thilges Jos een Deel vun senger Fëscherei an der Uelzecht un de Veräin ofgetrueden huet. De Sportfëscher Club Ettelbréck ass nach méi fest matt sengem Heemëchtswaasser verwuess. Dat Zënter 1955 eis Club Memberen an der Uelzecht fëschen dierfen, ass dem schéine Gest vum verstuerwene Spk. Thilges Jos ze verdanken.

Fotoen vun der Uelzecht 1996